arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zéngdausenden Demonstranten zu Sofia: Gréisst Demonstratioun zënter Joren

Bulgarien

|
headphones

1 min

Zéngdausenden Demonstranten zu Sofia: Gréisst Demonstratioun zënter Joren

An der bulgarescher Haaptstad Sofia hunn um Méindegowend nees zéngdausende Leit géint d'Regierung protestéiert. Et war déi gréissten Demonstratioun zënter Joren. Demonstrante geheien der Regierung Korruptioun vir a fuerderen, datt se zerécktrëtt.

headphones

1 min

An der bulgarescher Haaptstad Sofia hunn zéngdausende Leit géint de Budgetsplang a Korruptioun demonstréiert. | © EPA/BORISLAV TROSHEV
An der bulgarescher Haaptstad Sofia hunn zéngdausende Leit géint de Budgetsplang a Korruptioun demonstréiert. (Foto: EPA/BORISLAV TROSHEV)

Et gouf och géint de Budget fir 2026 protestéiert. Dee gesäit vir, datt d‘Gehälter am ëffentlechen Déngscht klammen, an d‘Steieren erhéicht ginn.

Wéinst dem grousse Mësstrauen an déi ëffentlech Institutiounen, gëtt awer gefaart, datt domat d‘Korruptioun weider verstäerkt gëtt.

Bei de Protester gouf et Zesummestéiss tëschent verschiddenen Demonstranten an der Police. Zéng Leit wiere festgeholl ginn, esou d‘Police.