arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zéngdausende demonstréiere géint Regierung

Georgien

|
headphones

2 min

Zéngdausende demonstréiere géint Regierung

Ronn ee Joer no der ëmstriddener Parlamentswal a Georgien protestéieren elo op en neits zéngdausende pro-europäesch Demonstrante géint d’Regierung. D'Regierung schwätzt vun engem Putschversuch.

headphones

2 min

Protester an der Stad Tiflis vum 4. Oktober | © EPA/DAVID MDZINARISHVILI
Protester an der Stad Tiflis vum 4. Oktober (Foto: EPA/DAVID MDZINARISHVILI)

De georgesche Premier Irakli Kobachidse huet um Sonndeg vu Vergeltungsmesure géint d’Oppositioun geschwat. Een Dag virdru bei de Protester haten Demonstrante probéiert an de Palast anzebriechen. Dat gouf allerdéngs vun der lokaler Police verhënnert.

Mat Tréinegas a Waasserwerfer géint Demonstranten

Um Samschdeg hate sech zéngdausende Demonstranten am Zentrum vun Tiflis versammelt fir géint d’Regierung ze protestéieren. Dat war den Dag vun de Kommunalwalen. Déi goufen vun engem Deel vun der Oppositioun boykottéiert. Déi georgesch Regierungspartei huet se gewonnen.

D’Police huet Tréinegas a Waasserwerfer géint déi Demonstranten agesat, déi de Palast wollte stiermen.

Vill Persoune goufe festgeholl. “Kee wäert ongestrooft dovu kommen” sot de Premier Kobachidse um Sonndeg virun der Press.

Do virdrun hat de georgesche Premier d’Demonstratioun als Putschversuch bezeechent an huet gemengt se wier vun “auslännesche Geheimdéngschter geplangt” gewiescht.

5 Organisateure festgeholl

“Déi politesch Kraaft, en Netzwierk aus auslänneschen Agenten” misst komplett neutraliséiert ginn, sot de Kobachidse weider. Domat bezitt hie sech op déi wichtegst Oppsoitiounspartei UNM (vereente national Beweegung) vum fréiere inhaftéierte President Micheil Saakaschwili.

De fënnef Organisateure vun de Protester, déi bis elo festgeholl goufen, dreeën néng Joer Prisong.

Der aktueller Regierung (zënter 2012) gëtt virgehäit sech ëmmer méi vun engem EU-Bäitrëtt fort a Richtung Moskau ze beweegen. D’Regierung selwer weist déi Virwërf zeréck a seet d’Oppositioun wéilt sech d’Muecht mat Gewalt uneegnen. Iwwerdeems gehäit d’Regierung dem Weste fir déi fréier Sowjetrebublik als zweet Front géint Russland ze benotzen.

De fréiere President Saakaschwili, dee fir 12 Joer am Prisong sëtzt, ënner anerem wéinst Muechtmëssbrauch, hat seng Unhänger zu den Demonstratiounen opgeruff