Am Joer 2024 si 26.000 Leit op Lëtzebuerg agewandert, dat si ronn 4 Prozent manner wéi nach d'Joer virdrun.
Iwwert d'Hallschent (61 %) vun de 26.000 Persounen, sinn aus dem Europäeschen Ausland op Lëtzebuerg komm. Déi lescht Joren iwwer, waren déi meescht Leit aus dem europäeschen Ausland, aus de Länner Portugal, Frankräich an Italien.
Familljen-Zesummeféierungen
Aus dem Net-europäeschen Ausland sinn 22 Prozent fir eng Familljen-Zesummeféierungen op Lëtzebuerg geplënnert. Lëtzebuerg gehéiert nieft Kanada, der Belsch an Norwegen zu deene Länner, wou den Zouzuch aus Drëttstaaten aus Familiäre Grënn keng grouss Roll spillt. D‘Familljen-Zesummeféierung ass an dem Gros vun den OECD-Länner, den Haaptgrond fir déi dauerhaft Migratioun.
Fir d'Aarbecht
2024 sinn 12 Prozent vun de Persounen aus Drëttstaaten, fir d'Aarbecht op Lëtzebuerg komm. D'Aarbeschtmigratioun kënnt zu Lëtzebuerg virun allem dem Finanzsecteur an dem vun den Assurancen ze gutt, wéi et am Rapport heescht. Och an eisen Nopeschlänner, a Frankräich an der Belsch, zitt den Déngschtleeschtungssecteur déi meeschte Leit un.
4 Prozent vun de 26.000 Persoune sinn zejoert aus humanitäre Grënn op Lëtzebuerg komm. 2.100 Mënschen hunn eng Asyldemande gemaach. Déi meeschten Demandeure waren aus Eritrea a Syrien.
Éischt-Asyldemanden: Réckgang vun 19 Prozent
D'Zuel vun de Primo-Asyldemanden ass am Joer 2024 em 19 Prozent zréck gaangen. De stäerkste Réckgang ass hei bei Demandeuren aus Syrien ze verzeechnen. Vun den 2.100 Demandë sinn der am Joer 2024 1.520 ugeholl ginn, dat si 64 Prozent.
Alles an allem huet d‘Migratioun an d‘Industrielänner zejoert liicht ofgeholl, bleift awer trotzdeem op engem héijen Niveau, wéi et am Rapport heescht.