Déi zwee Täter wieren dono an ënnerschiddlech Richtunge fortgelaf. Een a Richtung Rondpoint "Op der Millen / Wax" an ee Richtung Sportshal. Kuerz virum Virfall wieren ee Mann mat sengem Hond an zwou Persoune mam Vëlo laanscht d'Affer passéiert. Dës Persounen an all eventuell weider Zeie solle sech bei der Police Käerjeng/Péiteng mellen.
arrow_back_ios
Noriichten
Police
|Zeienopruff no Iwwerfall zu Péiteng
D'Police mécht een Zeienopruff no engem Iwwerfall leschte Freideg zu Péiteng: Géint 11 Auer moies hätten zwee Männer tëschent 18 a 25 Joer op engem Wee beim Kuerbutték zu Péiteng een Affer mat engem Schlagstack an engem Messer bedreet a seng Auer geklaut.
(Foto: Bumble Dee / Adobe Stock)