arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zeienopruff no Farerflucht zu Stengefort

Police

|
headphones

1 min

Zeienopruff no Farerflucht zu Stengefort

D‘Police mécht een Zeienopruff no engem Accident mat Farerflucht den 23. September op der Kräizung tëschent der Areler Strooss an der Rue de Käerch zu Stengefort, bei deem e Bam beschiedegt gouf.

headphones

1 min

© Bumble Dee / Adobe Stock
(Foto: Bumble Dee / Adobe Stock)

Éischten Informatiounen no wier de Fuerer kuerz op engem Parking an der Rue de l‘Hopital stoe bliwwen a wier duerno iwwer d‘Areler Strooss weider Richtung Belsch gefuer, ouni sech ëm den entstanene Schued ze këmmeren, esou d‘Police.

Et soll sech ëm ee Skoda Scala oder Kamiq an enger metall-bloer Faarf handelen. All Informatiounen si fir d‘Police vu Capellen.