De fréieren Editeur vun der Boulevardzeitung National Enquirer sot viru Geriicht, hien hätt wärend der Presidente-Walcampagne 2016 mam Donald Trump a sengem deemolegen Affekot Michael Cohen an engem Accord festgehalen: Si géifen zesummeschaffe fir ze verhënneren, datt negativ Schlagzeilen a Berichter iwwert den Donald Trump publizéiert ginn.
An dësem Strofprozess kritt den Donald Trump virgehäit, Dokumenter gefälscht ze hunn. Dat am Zesummenhang mat Suen, déi eng fréier Pornoactrice bezuelt krut, fir näischt iwwer eng presuméiert Affär mam Donald Trump an der Ëffentlechkeet ze soen.