arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ze vill Zeien: Prozess ëm Policegewalt op Fréijoer verluecht

Justiz

|
headphones

1 min

Ze vill Zeien: Prozess ëm Policegewalt op Fréijoer verluecht

De Prozess ëm Policegewalt am Ex-Kommissariat op der Stater Gare gouf um Mëttwochmëtteg ausgesat a fänkt elo eréischt den 28. Abrëll un. Dat, well Affekote vun den am Ganze fënnef ugeklote Polizisten eng Rëtsch Zeie geruff hunn, déi net an dräi Deeg hätte kënne gehéiert ginn, wéi et geplangt war.

headphones

1 min

Stater Geriicht | © Eric Ewald
Stater Geriicht (Foto: Eric Ewald)

Ee vun de Beschëllegte soll am Mee 2023 e Mann, deen alkoholiséiert war, e puermol geschloen hunn. Zwee vu senge Kolleege wieren dobäi gewiescht. E Véierte soll no der Dot matprobéiert hunn, fir d’Dot ze vertuschen. Déi véier waren zwee Méint drop festgeholl ginn an an Untersuchungshaft komm; an der Suite dovu goufe si suspendéiert.