Mam verschäerfte Platzverweis soll d‘Police net méi just aktiv bei Leit kënne ginn, déi eng Entrée blockéieren, wéi dat bis elo de Fall war, mee och wa Leit anerer belästegen oder géint d’Rou, Hygiène oder Sécherheet am ëffentleche Raum verstoussen.
Ze vill Interpretatiounsspillraum
De Kollektiv Voĉo gesäit hei dran den Haaptproblem: Dës Begrëffer wiere ganz flou, esou de Guy Foetz vu Solidaritéit mat den Heescherten.
"An do komme mir och op déi Ënnerscheeder par rapport zu der Convention européenne des droits de l'homme ze schwätzen, déi jo soen, mir mussen eng Previsibilitéit hunn. Mir däerfen net iergendeppes do an den Text schreiwen, wou ee wierklech eng grouss Marge d'appreciation huet, wat elo an dësem Fall d'Police, respektiv de Buergermeeschter huet, wou dann déi Leit, déi betraff sinn, eigentlech net méi richteg wëssen, wat si däerfe maachen, a wat si net däerfe maachen."
De Staatsrot war a sengem Avis ënner anerem zu der selwechter Conclusioun komm: Dës Begrëffer wieren ze vag fir op Basis dovu rechtlech Moossnamen ze ergräifen. Voĉo verweisen an hirem Avis och dorop, datt et grouss kulturell Ënnerscheeder ginn, ab wéini eppes als stéierent empfonnt gëtt.