Ënner anerem soll doduerch eng massiv De-Regulatioun fir den amerikaneschen Automobilsecteur méiglech ginn, sot de Chef vun der Ëmweltagence Lee Zeldin.
Ënner dem fréieren US-President Barack Obama hat d‘USA Regierung 2009 festgehal, datt CO2 an aner Zäregaser fir d‘Äerderwäermung responsabel sinn, an datt déi Emissiounen dofir misste reduzéiert ginn.
Den aktuelle Chef vun der Ëmweltagence, e fervente Supporter vum Donald Trump, seet par conter, et géif keng Beweiser ginn, datt d‘Äerderwäermung an hir Konsequenze méi schlëmm goufen, an d‘Mesurë fir de Klimaschutz géifen der Wirtschaft schueden.