arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Yuriko Backes presentéiert Aktiounsplang géint geschlechterbaséiert Gewalt

Gläichstellungsministesch

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Yuriko Backes presentéiert Aktiounsplang géint geschlechterbaséiert Gewalt

An der Moyenne sinn dräi Persounen den Dag zu Lëtzebuerg Affer vu geschlechterbaséiert Gewalt. Dat geet aus dem Rapport de Violence vum Joer 2024 ervir, deen d’Gläichstellungsministesch Yuriko Backes um Méindegmëtteg presentéiert huet. Eng Hausse vu ronn 11 Prozent par Rapport zum Virjoer.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Sté Bisenius
(Foto: Sté Bisenius)

Fir dogéint virzegoen ass den éischten nationalen Aktiounsplang géint geschlechterbaséiert Gewalt an d’Liewe geruff ginn. Och deen huet d'Ministesch Yuricko Backes presentéiert. D'Gläichstellungsministesch fënnt, datt dës Zuelen alarméieren.

Vill Facettë vu geschlechterbaséierter Gewalt

Dës Hausse par Rapport zu 2023 kéint sech, hirer Meenung no, och doduerch erklären, datt d‘Leit méi sensibiliséiert wieren.

Wat de Plan d’actioun géint geschlechterbaséiert Gewalt ugeet, wier ee breet opgestallt sou d‘Ministesch. Dës well d’geschlechterbaséiert Gewalt vill verschidde Facette hätt.

"Et si ganz ënnerschiddlech Dimensiounen, wat d'Gewalt ugeet, mee och ganz ënnerschiddlech Diskriminatiounsmotiver: Vu Geschlecht op Hautfaarf, Nationalitéit, sexuell Orientéierung."

Aktiounsplang gesäit Etüde vir

Am Juni d'lescht Joer war déi éischt zentral Ulafstell fir Affer um Stater Belair opgaangen. Am Süde vum Land soll lo och ee Centre pour Victimes opgoen. Der Statistik no sinn d’Interventioun an de Gemenge Rëmeleng an Esch am héchsten.

An de leschte Joren huet et och u präzisen Donnéeën hei am Land gefeelt. Am nationalen Aktiounsplang sinn eng rei Etüde virgesinn, wéi d’Ministesch Yuriko Backes erkläert:

"Zum Beispill wäert de Sport oder den ALAD eng Etüd iwwert d'Gewalt am Sport maachen. Dat ass jo en Theema, dee rezent awer méi prominent war. A mir wäerten am Mega eng Etüd iwwert d'Recidive bei haislecher Gewalt maachen."

Nei Unitéi bei Police judiciaire

De legale Kader soll och ausgebaut ginn. Notamment de Volet vun der sou sougenannter Wechweisung. En Täter vun Haislecher Gewalt kann aktuell 14 Deeg vum Doheem verwise ginn. D'Strofrechtlech Prozedur soll hei geännert ginn, fir besser op individuell Fäll agoen ze kënnen. An eng nei Unitéit bei der Police judiciaire soll e bessere Suivi vun den Täter maache kënnen.

D’Claire Delcourt, Vize Presidentin vun der Familljekommissioun, begréisst den Aktiounsplang. D’LSAP Politikerin kritiséiert awer, datt et un konkrete Schrëtt fir d‘Adaptatioun vum legal Kader feele géif. 

 

play_arrow Lauschteren