Yuriko Backes géif direkt Fluchverbindung vum Findel an Nordamerika begréissen
D‘Mobilitéitsministerin Yuriko Backes géif et begréissen, wann et eng direkt Fluchverbindung vum Findel an Nordamerika, notamment Kanada oder USA géif ginn. Besonnesch och well et staark wirtschaftlech Lienen tëscht Lëtzebuerg an Nordamerika géif ginn.
An enger parlamentarescher Fro hat de Piraten-Deputéierte Marc Goergen gefrot, ob sou eng nei direkt Verbindung a Kanada geplangt ass.
Air Canada hätt nämlech matgedeelt, dass si nei transatlantesch Strecken op verschidden Destinatiounen an Europa géif plangen. Op der Kaart, déi am Communiqué ze gesi war, ass ee Fragezeichen iwwert dem Territoire vu Lëtzebuerg ze gesinn.