Soll d’EU eng eegen, eng Europäesch Arméi op d’Bee stellen? Iwwer déi Iddi gëtt an der EU ëmmer nees diskutéiert. Och de Lëtzebuerger Premier huet se schonn e puer Mol an d’Spill bruecht.
Elo huet d’Annonce vun den USA, massiv Truppen aus der EU ofzezéien, se nees op den Dësch bruecht.
EU-Kommissär setzt sech fir Europäesch Arméi an
D’EU misst op dee Réckzuch duerch d’Opstelle vun enger europäescher Trupp äntwerten, huet den EU-Kommissär fir d’Defense, den Andrius Kubilius, an de leschte Wochen a Méint an Interviewe gesot.
Esou och viru Kuerzem géintiwwer dem 100,7
"Wann d’USA eescht maachen, an Zaldoten aus Europa zeréckzéien, mussen déi duerch eng änlech Force ersat ginn. Déi Roll kéint eng Zort europäesch Arméi iwwerhuelen"
D’Diskussioun doriwwer misst elo gefouert ginn, esou och nach den EU-Kommissär.
Och de Chef vun der Lëtzebuerger Regierung hat sech widderhuelt op internationalen Tribünen fir eng Europäesch Arméi ausgeschwat. De Fait, datt dat an der Vergaangenheet ni geklappt huet, sollt een nei dovun ofhale weider ze probéieren, esou de Luc Frieden am Februar op der Harvard Universitéit zu Boston.
Yuriko Backes: Et leeft keng wierklech Diskussioun doriwwer
Wéi ass d’Positioun vun der Regierung dozou?
D’Lëtzebuerger Defenseministersch seet dozou, déi Diskussioun géif den Ament net gefouert ginn.
"Ech mengen ech géif dat op kee Fall ausschléissen, mee dat ass eppes, wou, wou haut am Fong keng wierklech Diskussiounen do driwwer lafen, et ass keng direkt Prioritéit"
D’Yuriko Backes war en Dënschdeg op der Reunioun vun den EU-Verteidegungsministeren zu Bréissel.
Déi aktuell Annonce aus dem Wäissen Haus vun den USA, ronn 5000 Zaldoten aus Däitschland ofzezéien, huet do keng nei Beweegung an déi europäesch Diskussioun bruecht.
"Ech mengen op där enger Säit däerfe mer net naiv sinn, op där anerer Säit solle mer och elo net a Panik verfalen"
Fir d’DP-Ministesch gëtt et zwar Handlungsbedarf, awer dee muss net direkt an d’Opstelle vun enger europäescher Trupp iwwersat ginn.
"Mir wëssen, datt d'Amerikaner dat scho méi laang soen, datt d'Europäer no hirer Sécherheet kucke mussen, datt mer méi mussen an eis Verteidegung investéieren. Dat maache mer jo elo scho méi laang."
Aktuell ginn aner Schwéierpunkte gesat
Och déi aner EU-Verdeedegungsministere waren éischter zeréckhalend an hiren Aussoen. Konkret huet sech gëschter kee fir d’Opstelle vun enger Europäescher Arméi ausgeschwat.
Am Klenge géif et och elo schonn europäesch Bataillounen, esou d’Yuriko Backes. Si huet op déi binational Trupp higewisen, déi Lëtzebuerg am gaangen ass, mat der Belsch op d’Been ze stellen.
Den EU-Kommissär fir d’Defense Andrius Kubilius hat och gesot, datt an esou eng europäesch Force d’Ukrain kéint agebonne ginn.
Dat géif eng Plus-Value bréngen, well kee Land an der EU hätt eng Krichsexperienz.
An deem Punkt ass d’Yuriko Backes d’Accord.
"Mir hu ganz vill vun der Ukrain ze léieren an eng enk Collaboratioun mat hinnen ass och an Zukunft ass absolutt indispensabel."
D’Opstelle vun enger Europäescher Arméi awer bleift deemno éischter eng Iddi, déi een an europapolitesche Riede presentéiert, wéi eng, déi ënner deenen, déi se ëmsetze missten, seriö diskutéiert gëtt.