Dee leschte Chrëschtmaart ass eriwwer, d’Dekoratioune goufen ofmontéiert, a wann een och privat nach ee Chrëschtbeemchen doheem huet, op de meeschten ëffentleche Plazen ass de Spaass eriwwer. Net esou an der CeCil’s Box.
D’CeCil’s Box ass eng Mini-Ausstellungsplaz an der Paschtoueschgaass, e puer Schrëtt vun der Plëss ewech. Nach bis Mëtt Mäerz stellt hei déi lëtzebuergesch-finnesch Kënschtlerin Alexandra Uppman aus. Hiert Konschtwierk heescht Yuletide Dreams.
Yuletide Dreams léisst kal
Jul ass dat paganescht Wanterfest vu villen nordeuropäesche Vëlker, deem seng DNA ee weiderhin an de skandinavesche Chrëschtdagszelebratioune fënnt. Zum Beispill am finnesche Wuert fir Chrëschtdag - Joulu - oder dem dänesche Begrëff fir hir Versioun vum Kleeschen - Joulemanden. Tide bedeit Stréimung. Yuletide Dreams wëllt sech also Hin- an Hirschwanken tëschent postchrëschtlechem Chrëschtdag a virchrëschtleschem Paganismus, tëschent kuerzen Deeg a laangen Nuechten, tëschent Keelt a méi Keelt. Wat ausgestallt gëtt, léisst leider och kal.
De wäiss-gro getëppelten Hannergrond evoquéiert Schnéi, deen an d’Nuecht fält. De Vierdergrond gëtt vun engem butzegen, plakege Beemchen ageholl, deem seng sechs Äscht jeeweils eng elektresch Käerz droen. Encadréiert gëtt dat ganzt vun enger dräieckeger Holzrumm, där hir Schnëtzereien un d’Silhouette vun engem groussen Dännebeemchen erënneren.
De Bléck bleift net hänken
D’Alexandra Uppman trëfft an hirer Grafikkonscht oft melancholesch Téin. Dat ass bei Yuletide Dreams och de Fall. Verfeelt gëtt awer den Interêt un enger Ausstellungsplaz wéi CeCil’s box, déi zu allen Zäite visibel ass. Ech war Yuletide Dreams zwee Mol kucken: Eng Kéier a stackdäischterer Nuecht an eng Kéier matzen am Dag; Déi mickreg Beliichtung an de Mangel u Faarwe maachen, datt et zu béiden Dageszäiten d’selwecht wéineg opfält. Ech hat d’Gefill, d’Foussgänger schenken dem Konschtwierk keen zweete Bléck, well den éischten net hänkebleift. An et brauch ee méi wéi dräi Blécker, fir datt engem den tragesche Kontrast tëschent dem butzegem Beemchen an dem groussen Dännebam bewosst gëtt. D’Reklamme fir déi aktuell Soldë maachen dat besser.
Wie sech op Yuletide Dreams aléisst, bleift awer de Pleséier, an der Uewerstad an eng Vitrinn ze kucken, déi engem näischt verkafe wëllt.
Ween et interesséiert, ka Yuletide Dreams vum Alexandra Uppmann nach bis den 17. Mäerz an der CeCil’s Box gesinn. D’Ausstellungsplaz befënnt sech an der Paschtoueschgaass, ganz no un der Plëss. Weider Informatioune fënnt een op cerclecite.lu.