Youtube bezilt 24,5 Milliounen US-Dollar (ëmgerechent 21 Milliounen Euro) fir datt d‘Klo fale gelooss gëtt. Dat ergeet aus engem Geriichtsdokument vun e Méindeg.
Den Donald Trump sot hie wéilt dee gréissten Deel (also 22 Milliounen Dollar) vun dëse Suen a säi Bauprojet fir eng Vergréisserung vum Wäissen Haus investéieren. Den Trump wëllt am Wäissen Haus e grousse Festsall fir 200 Milliounen Dollar bäi baue loossen.
De Rescht (also 2,5 Milliounen) soll déi aner, déi mat geklot hunn, goen – zum Beispill un d’American Conservative Union an un d’Schrëftstellerin Naomie Wolf.
Youtube huet sech kengem Feeler bekannt a wäert och keng Ännerungen u senge Produiten oder Richtlinne maachen.