arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Xavier Bettel schwätzt vu "ganz vill Instabilitéit"

Aussepolitesch Deklaratioun

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Xavier Bettel schwätzt vu "ganz vill Instabilitéit"

Een "Tour iwwer de Globus" an 93 Minutten huet de Xavier Bettel seng aussepolitesch Deklaratioun bezeechent, an där hien eng Rei vun den aktuell 130 Konflikter op der Welt thematiséiert huet. Ugekënnegt huet de Vizepremier an Ausseminister eventuell Lëtzebuerger Sanktioune géint Israel.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Séance Publique: Ausseminister Xavier Bettel | © ChambreLux
Séance Publique: Ausseminister Xavier Bettel (Foto: ChambreLux)

Lëtzebuerger Sanktioune géint Israel kéinten een nationalen Importverbuet vu Produkter aus vun Israel besate palestinensesche Gebitter beinhalten. 

Wichteg fir Lëtzebuerg wier, datt de Waffestëllstand an der Gazasträif hält, dat huet de Xavier Bettel och um Krautmaart erkläert.

"An ech soen Iech, en ass fragil. Elo geet et e bësse besser haut, mee déi lescht Deeg hat een d’Gefill, et ass dorëm gaangen, ob se d’Läichen nach géife kréien, ob d’Hëllef da géif era kommen. Et hat ee bal d’Gefill, datt deen een oder aneren een Argument sicht, fir am Fong kënnen ze soen, et ass elo fäerdeg. Mir fänken elo nees un. Et ass esou un engem seidene Fuedem dat Ganzt."

Den Ausseminister wëllt der Chamber an den nächste Woche Virschléi presentéieren, fir dës eventuell Sanktioune géint Israel. Dat huet de Xavier Bettel a senger Ried annoncéiert.

"Ech leeën alles op den Dësch, wat mer kënne maachen, da muss d’Chamber och decidéieren, wat se wëll. Z.B. een Importverbuet vu Produiten aus de Kolonien, dat wier mengen ech ee wichtegt Zeechen. D’militäresch Exporter an Israel gi fir de Moment an de facto schonn zënter Méint och net autoriséiert."

Schonn am Abrëll 2024 hat Lëtzebuerg sech dozou engagéiert, den Export vu militäreschem Material un Israel ze stoppen. A senger aussepolitescher Deklaratioun huet de Xavier Bettel och eng Diskussioun iwwer eng juristesch Basis fir een nationalen Areesverbuet fir z.B. ëmstridden ultrariets israeelesch Ministeren ugekënnegt.

Am Kontext vum Krich an der Ukrain huet den Ausseminister gesot, datt China ee groussen Afloss op Moskau kéint hunn.

"A fir mech wier et wichteg, dass Beijing säin Afloss op Russland kéint wierklech intensivéieren, fir dass och den Drock gemaach, fir dass de Krich sollt ophalen."

A senger Ried um Krautmaart huet de Xavier Bettel bedauert, datt d’Zuel vun de Leit, déi hei am Land fir d’Europäesch Unioun schaffen, erof geet. Dat ë.a. well d’Liewen hei am Land méi deier wier, wéi z.B. zu Bréissel.

"Mir gi manner attraktiv. Dat ass ee Constat, dee mer hunn. An eng Wonnerléisung gëtt et net. Mir musse weider attraktiv bleiwen, fir och déi 14.000 Agenten an hir Talenter hei ze halen. Mir sinn am gaange mat der EU-Kommissioun u Pisten ze schaffen."

De Xavier Bettel wëllt der Regierung proposéieren, datt Lëtzebuerg 2030 un der Weltausstellung zu Riad a Saudi-Arabien soll deel huelen.

An den nächsten zwee Joer soll eng Staatsvisitt vum Grand-Duc Guillaume an Indien organiséiert ginn, esou eng weider Ukënnegung vum Ausseminister.

 

play_arrow Lauschteren