arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Xavier Bettel op Aarbechtsvisitt a Moldawien

Ausseministère

|
headphones

2 min

Xavier Bettel op Aarbechtsvisitt a Moldawien

Vun haut Méindeg, bis e Mëttwoch ass den DP-Ausseminister Xavier Bettel op enger Aarbechtsrees a Moldawien, zesumme mat sengem Homolog aus der Belsch.

headphones

2 min

Parlament vu Moldawien | © picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb
Parlament vu Moldawien (Foto: picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb)

Den hollänneschen Ausseminister Caspar Veldkamp hätt och sollen Deel vun der Rees sinn, mee huet kierzlech demissionéiert an ass dowéinst net dobäi. 

D'Rees féiert déi zwee aner Ministeren an ee Land, wou den Afloss vu Russland grad esou grouss ass wéi d'Hoffnung iergendwann Deel vun der Europäescher Unioun ze ginn.

Walen am September

D'Zil vun der Rees an déi moldawesch Haaptstad Chisinau wier et politesch Signaler ze senden, heescht et vum Ausseministère. Dat och well Moldawie sech an Zäite befënnt, wou et an déi eng oder aner Richtung kippe kéint. 

Am September gëtt am Nopeschland vun der Ukrain en neit Parlament gewielt. D'Fro ass op sech d'Awunner:inne vum osteuropäesche Land do fir eng pro-russesch oder eng pro-europäesch Linn decidéieren, seet de Xavier Bettel.

“An engem Mount si Walen. Fir mech ass et wichteg, datt et net de But ass ze soen, wat d'Leit ze wielen hunn, mee datt mir awer der Meenung sinn, datt eng europäesch Zukunft an eng Wäertekommunautéit déi ass, wou mir hoffen, datt och d'Moldawier sech decidéieren.” 

Och dowéinst wéilt een als Lëtzebuerg Moldawien ënnerstëtzen an als Europa op der Plaz present sinn. Iwwerdeems wier een zënter dem russeschen Ugrëff op d'Ukrain als Lëtzebuerg a Moldawien aktiv, esou den Ausseministère. 

Knappt pro-europäescht Resultat 

Momentan ass dat moldawescht Parlament pro-europäesch gepräägt. D'lescht Joer gouf déi pro-europäesch Presidentin Maia Sandu zwar un d'Spëtzt vum Land erëmgewielt an an engem Referendum hu sech d'Moldawier fir en EU-Bäitrëtt ausgeschwat - béides awer mat engem immens knappe Resultat.

Dem Xavier Bettel no ginn et awer och nach anere Ureizer fir d'EU gutt Relatioune mat Moldawien ze halen.

“Et muss ee wëssen, datt Moldawie wirtschaftlech e Land ass, wou och vill Potenzial nach ass, wou een am Moment nach net en Turbo huet, mee mir sinn awer amgaang den Turbo ze bauen. Ech mengen et ass e Land, wou Potenzial do ass, an do kënne mir och vun der Zesummenaarbecht béidsäiteg profitéieren.” 

Lëtzebuerg, huet ufanks des Joers d'Presidence vun de Beneluxlänner iwwerholl. Et wier dem Ausseminister Xavier Bettel en Uleies gewiescht, zesumme mat de Benelux-Partner dës Rees ze organiséieren, esou nach den Ausseministère.