Radioen

On air

Notturno  |  Circuit Des Yeux - Dogma

play_arrow Live
search

/ Xavier Bettel an Ierfgroussherzog Guillaume sinn op Aarbechtsvisitt a Kambodscha

Kooperatiounsaccord tëschent béide Länner

Xavier Bettel an Ierfgroussherzog Guillaume sinn op Aarbechtsvisitt a Kambodscha

Den Ierfgroussherzog Guillaume an den Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel si vun haut bis e Mëttwoch op enger Aarbechtsvisitt a Kambodscha. Eng Verstäerkung vun de bilaterale Relatiounen an der bilateraler Kooperatioun, och am Beräich Politik a Commerce, ass d‘Zil vun der Visitt, esou de Communiqué vum Ausseministère.

auto_stories

1 min

De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel. | © European Union
De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel. (Foto: European Union)

Konkreet wäert de Xavier Bettel a Kambodscha ee generelle Kooperatiounsaccord tëschent béide Länner ënnerschreiwen an d‘Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg formaliséiere fir een Deminage-Projet an Zesummenaarbecht mat der UNO.