Méi kloer wéi nach am Communiqué vun der Regierung huet de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel an der zoustänneger Chamberkommissioun déi US-amerikanesch Militäraktioun a Venezuela als Broch vum internationale Recht bezeechent.
An hirem Schreiwes hat d'Lëtzebuerger Regierung d'Militäraktioun vun den USA net direkt kritiséiert. Do hat et just geheescht, datt d'EU eng demokratesch Léisung vun der Kris géif ënnerstëtzen. Den Toun vum Ausseminister Xavier Bettel war no der Chamberkommissioun dofir awer méi däitlech.
"Dir kënnt dach net einfach dohinner goen an dann de President ewechhuelen. Et ass d'internationaalt Recht, wat hei net respektéiert gëtt. A mir mussen als ganz klengt Land wëssen, datt d'internationaalt Recht am Fong eis bescht Garantie ass."
De Xavier Bettel weist sech enttäuscht iwwer d'Reaktioun vun der Europäescher Unioun. D‘Angscht vu verschiddenen EU-Staate wier, datt am Fall wou ee Kritik un den USA üübt, si d‘Ukrain géife fale loossen.
déi gréng
Wat esou resolut klengt, wier an dem Sënn awer net vum selwen an der zoustänneger Chamberkommissioun ernimmt ginn, kritiséiert déi gréng Deputéiert Sam Tanson.
"Et ass eréischt op d'Nofro hin, wou de Xavier Bettel du gesot huet, jo, hie wier der Meenung, datt et d'Violatioune vum internationale Recht wieren, wat eeben de Gebrauch vun der Force géif ubelaangen. An ech bedaueren extreem, datt dat net och am Communiqué vun der Regierung erëmzefannen ass."
déi Lénk
Kloertext, dat hätten déi meescht Oppositiounspolitiker vun der Regierung vermësst, esou och den Deputéierte vun déi Lénk David Wagner:
"Iergendeng Kéier muss ee Kloertext schwätzen an et muss een der amerikanescher Regierung och ganz kloer d'Grenzen zeechnen, Lëtzebuerg an anerer och. A wann et eeben nach just Lëtzebuerg ass, da musse mer et awer maachen."
Aner Länner géifen och Positioun huelen, fënnt nach den David Wagner vun déi Lénk.
Et wier een eenzege "Wischi-Waschi" wat d‘Lëtzebuerger Regierung hei géif ofliwweren, esou den LSAP-Deputéierte Yves Cruchten, deen och kritiséiert huet, datt Lëtzebuerg sech hanner der EU géif verstoppen.
"Egal wou dat doten an der Welt geschitt wier, géife mer dat verurteelen. Mir géifen iwwer Sanktioune schwätzen. Dat fuerdere mer mol guer net. Mee datt d'Lëtzebuerger Regierung et net mol fäerdeg bréngt fir ze soen, dat doten ass e klore Broch mam internationale Recht, dat léisst ganz déif blécken."
Piratepartei
Spéitstens am UN-Plenum an am Fall vun engem Vott géif sech weisen, wou Lëtzebuerg wierklech géing stoen, esou den Deputéierte vun de Pirate Sven Clement.
"Mee wann een dann awer déi ëffentlech Äusserungen an de Communiquéë respektiv dann och vläicht herno am Vott vu Lëtzebuerg wäert gesinn, do schéngt et awer nach vill méi gro Téin, wann net souguer schwaarz -wäiss ze sinn, wéi dat wat en eis haut gesot huet."
Europa-Deputéierte Charles Goerens
Et wier ze bedaueren, datt d'EU zu 27 Länner einfach net méi capabel wier eng eenheetlech international Positioun ze vertrieden. Elo misst ee sech déi néideg Mechanisme gi fir Decisiounen ze huelen, esou den DP-Europa-Deputéierte Charles Goerens. Soss kéint ee just Krokodilstréine kräischen. Den Europa-Deputéierte war haut och an der Chamberkommissioun um Krautmaart.