Den Ausseminister Xavier Bettel huet dobäi gesot, datt de fräie Grenzverkéier d’Reegel an net d’Ausnam misst sinn. Hien huet een Appell gemaach, dat fräit Reesen am Schengen-Raum ze verdeedegen. Schengen géif awer „getest“ ginn, huet de Xavier Bettel kritiséiert.
Déi däitsch Grenzkontrolle sollte keen Dauerzoustand ginn, esou zu Schengen, de Ministerpresident vu Rheinland-Pfalz, den SPD-Politiker Alexander Schweitzer.
Och d’Ministerpresidentin vum Saarland a Presidentin vum Bundesrat Anke Rehlinger (SPD) huet ee Retour bei ee Schengen-Raum ouni Grenzkontrolle gefuerdert.
De 14. Juni 1985 haten d’Benelux-Staate plus Däitschland a Frankräich zu Schengen den etappeweisen Ofbau vu Grenzkontrollen ofgemaach.