arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Xavier Bettel: Net dee richtegen Zäitpunkt Sanktioune géint Israel ze lancéieren

Noen Osten

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Xavier Bettel: Net dee richtegen Zäitpunkt Sanktioune géint Israel ze lancéieren

Den DP-Ausseminister Xavier Bettel hat sech an der Chamber dogéint ausgeschwat elo Sanktioune géint Israel ze huelen. Op Demande vun Déi Lénk gouf et haut an enger Aktualitéitsstonn an der Chamber op en neits eng Diskussioun iwwer eventuell Sanktiounen.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel | © European Union
De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel (Foto: European Union)

Dësen Diskussiounspunkt gouf awer op den Ordre du jour gesat, ier d’Hamas Geisele fräi gelooss huet, an domat dee vum US-President Donald Trump proposéierte Friddensplang ugefaang gouf, ëmgesat ze ginn. D’Meenungen, ob dës aktuell Situatioun eppes un der Diskussioun iwwer eventuell Sanktioune géint Israel ännere sollt , sinn an der Chamber wäit ausernee gaangen.

Den aktuelle Friddensplang wier nëmmen een Deel-Erfolleg, esou d’Usiicht vum David Wagner vun déi Lénk, dee weider argumentéiert, datt nach weider vill froen opstoe géifen. Zum Beispill déi, wéi et am Westjordanland weidergoe wäert. Deemno misst, dem David Wagner no, elo den Drock op Israel weider bestoe bleiwen. 

“D’Netanjahu-Regierung soll ganz kloer signaliséiert kréien, datt d’Weltgemeinschaft weider opmierksam bleift, dodrop datt d’Vëlkerrecht och vun Israel muss respektéiert ginn.”

LSAP fir Sanktiounen op Europäeschem Niveau

D'LSAP huet gefuerdert, datt et Konsequenze musse ginn, fir wat an de leschte Jore geschitt ass, an datt Lëtzebuerg säin Deel dozou bäidroe misst, virun allem a Saache Verhënnerung vu Vëlkermord, esou den Yves Cruchten. 

“Mir plädéieren dofir all Sanktiounen op Europäeschem Plang ze ënnerstëtzen, an och gegeebenenfalls eege Sanktioune géint déi israeelesch Regierung auszeschaffen. Hei geet et och em eis Credibilitéit”

Der Sam Tanson vun déi gréng no dierft den aktuell “wackelege Fridden” net dozou féieren, datt de Krich net opgeschafft gëtt. 

“Ech hu Vertrauen an eis international Institutiounen, datt déi Responsabel vun de Massakeren déi do gemaach gi sinn, op béide Säiten, datt déi zur Responsabilitéit gezu ginn. An ech hunn och Vertrauen an eis Regierung, datt si dat och weider wäert pushen”

CSV: Israel bleift e Frënd a Partner

Anescht huet et bei der CSV ausgesinn. Dem Laurent Zeimet no géif ee sech geziilte Sanktiounen net verschléissen, mee et dierft een Israel och net un de Pranger stellen. Et dierft een d’Existenzrecht vum israeelesche Staat net a Fro stellen. 

“Israel ass déi eenzeg Demokratie am Noen Osten, an dofir wäert Israel fir eis e Frend an och e Partner bleiwen.”

Dem DP-Deputéierte Gusty Graas no misst een der aktueller Entwecklung elo eng Chance ginn, op Fridden hoffen, an de Prozess vun de Sanktiounen deemno aktuell net verdéiwen.

Dem DP-Ausseminister Xavier Bettel no dierft d’Diskussioun iwwer Sanktiounen net am Tirang verschwannen, mee et wier et lo och dee falsche Message, op Eskalatioun ze goen. 

“Et wier ee falscht Zeeche wa mir lo soen d’Lëtzebuerger Parlament well elo haut Sanktiounen huele géint Israel. Ech géif iech wierklech recommandéieren dat net ze maachen. Well am Moment éischter op Gespréicher, op Deseskalatioun geet, wéi elo ze soen, elo musse mir op Eskalatioun goen, elo musse mir si sanktionéieren.”

Eng Motioun vum LSAP-Deputéierte Franz Fayot, op d’Decisioun vun der CSSF déi sougenannten "Israel bonds" weiderhin iwwer Lëtzebuerg op den Europäesche Marché ze brénge soll réckgängeg gemaach ginn, gouf iwwerdeems mat 40 Nee-Stëmme verworf.

play_arrow Lauschteren