Dësen Centre huet als Zil, de Risk ze miniméieren, andeems en d’Aarbecht vun Acteuren aus dem Beräich vum Deminage zesummebréngt a professionaliséiert.
Op enger Konferenz vum GICHD an der Luxexpo sollen dës Acteuren an Experten iwwer déi nächst dräi Deeg zesumme kommen, fir sech aus iwwer Innovatiounen am humanitären Deminage auszetauschen.
Eng 3D Base de donnée vu Sprengstoffer zu Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger DP-Ausseminister Xavier Bettel huet um Optakt vun der Konferenz och een neie Lëtzebuerger Projet ugekënnegt.
“Et freet mech een neie Projet ze annoncéieren. Eng 3D Base de donnée vu Sprengstoffer, déi zu Lëtzebuerg soll gespäichert ginn. Wann déi Base de donnée getest gouf a prett ass, wäert se mat ONGen am Beräich vum Deminage zur Verfügung stoen. Déi wäerte si fir KI-Modeller benotze kënnen an nei Mëttel kreéiere kënnen. Domat sollen Deminage-Projete méi sécher a méi effektiv ginn.”
Un der Konferenz huelen iwwer 400 Participanten deel aus iwwer 240 verschiddenen Organisatiounen a 65 Länner.