Fir kënnen ze reagéiere missten dofir all Mesuren um Dësch leien, och wann den Ausseminister Xavier Bettel eegenen Aussoen no drop hofft, datt keng vun deene Mesurë mussen ergraff ginn.
EU däerf Dänemark a Grönland net fale loossen
Fir den Ausseminister géif och feststoen, datt d’EU Dänemark a Grönland op kee Fall dierft fale loossen. Hien huet d’Situatioun a Grönland als "Moment vun der Wourecht" fir d’EU-Memberlänner beschriwwen. D’Solidaritéit vun alle Memberlänner wier elo gefrot, esou de Xavier Bettel.
"Nach gëschter huet den ungareschen Ausseminister gesot, dass dat e Problem ass tëschent Dänemark an Amerika, an datt si dofir e Veeto bei europäeschen Texter wëllen hunn, well si déi net wëllen supportéieren a soen, et ass e Problem vun deenen Aneren."
Den Ausseminister sot, hie wéilt dës Länner un hier eege Virgeschicht erënneren an dorun, datt d'EU deemools, wou de Rideau de fer gefall ass, och net gesot hätt, mir wëllen näischt mat iech ze dinn hunn.
"Stell sech emol vir, mir haten déi selwecht Positioun an déi selwecht Reflexer wéi déi Länner deemools, wann et haut ëm d'Solidaritéit geet."
All Land soll selwer kënnen iwwer seng eegen Zukunft decidéieren. Dat géif souwuel fir Grönland, wéi och fir Venezuela, d’Ukrain oder den Iran gëllen, huet den DP-Ausseminister Xavier Bettel nach an der Aktualitéitsstonn an der Chamber betount.
Solidaritéit ënner den EU-Memberlänner ëmsou méi wichteg
Et wier weder un Europa, nach un den USA oder soss engem Acteur fir ze decidéieren, wat gutt oder richteg fir en anert Land wier.
De Xavier Bettel huet och drop higewisen, wéi imprevisibel déi geopolitesch Situatioun an der Welt den Ament ass. Et wier wichteg, datt d’EU-Memberlänner ënnertenee solidaresch wieren, zu engem Zäitpunkt, wou international Partnerschaften a Fro gestallt ginn.