Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch ass nees op der Sich nom Wuert vom Joer
No Ukrainkrich, Kënschtlech Intelligenz a Presidententrick: Zesumme mat RTL Lëtzebuerg, mam Luxemburger Wort, mam Tageblatt an mam Radio 100,7 sichen si dat Wuert, dat d’Joer 2025 politesch, ekonomesch, kulturell, gesellschaftlech oder sproochlech op eng besonnesch Aart a Weis gepräägt huet.
Aus der Lëscht mat all de Propose mécht dʼEkipp vum ZLS eng Shortlist, déi dem Jury virgeluecht gëtt. Den Haaptkrittär beim Choix ass d’Zuel vun den Nennungen, berücksichtegt ginn ënner anerem awer och de Bezuch zur Aktualitéit, de Bekanntheetsgrad an d’Verbreedung respektiv d’Verständlechkeet vum virgeschloene Begrëff.
Bis de 7. Dezember kënnt Dir Är Propose eraschécken