arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wuel méi wéi 8 Milliounen Euro Schued wéinst Iwwerschwemmungen

Éischte Schätzungen no

|
headphones

1 min

Wuel méi wéi 8 Milliounen Euro Schued wéinst Iwwerschwemmungen

Dee staarke Reen an d‘Iwwerschwemmungen ugangs der Woch hätten éischte Schätzungen no e versécherte Schued vun iwwer 8 Milliounen Euro verursaacht. Dat deelt d‘Associatioun vu den Assurance- a Reassurance-Gesellschaften zu Lëtzebuerg an engem Communiqué mat.

headphones

1 min

Opraumaarbechten zu Rolleng 09.09.25. | © Rick Mertens
Opraumaarbechten zu Rolleng 09.09.25. (Foto: Rick Mertens)

Der ACA no, hätten d‘Assurancë Gesellschaften, déi Member sinn, sech direkt an den éischte Stonne mobiliséiert fir d‘Deklaratioune vu Betraffenen esou séier ewéi méiglech ze behandelen. Méi wéi 1.000 Dossiere wiere bis elo opgemaach ginn, déi meescht dovun, 85 Prozent, géife Wunnengen an Haiser betreffen, a ronn 15 Prozent Autoen.

D‘ACA erwaart sech, datt an de nächsten Deeg weider Schied wäerten deklaréiert ginn, an d‘Estimatioun vum finanzielle Schued duerch de Reen an d‘Iwwerschwemmunge géif deementspriechend ugepasst ginn.