arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Südkorea an USA eegene sech op Wirtschaftsaccord

Trump op Asien-Tour

|
headphones

1 min

Südkorea an USA eegene sech op Wirtschaftsaccord

A Südkorea hu béid Staaten ee Wirtschaftsaccord ofgeschloss. Virgesi wier deemno, datt Südkorea 350 Milliarden US-Dollar an den USA investéiert. Am Géigenzuch géifen d‘USA hir Importtaxen op südkoreanesch Autoe vun den Ament 25 op 15 Prozent reduzéieren, mellt Seoul.

headphones

1 min

© picture alliance / Russian Look | Mikhail Metzel Kremlin Pool
(Foto: picture alliance / Russian Look | Mikhail Metzel Kremlin Pool)

D‘Relatioun tëscht den USA a Südkorea ass ugespaant, ënnert anerem wéinst den US-Taxen, an der Festnam an den USA vu südkoreanesche Fabricksaarbechter. 

Wuel keng Entrevue tëschent Trump an Kim Jong-un 

Den amerikanesche President Donald Trump war an de Moiestonne a Südkorea ukomm. Nëmmen e puer Stonne virdrun hat Nordkorea ballistesch Rakéite getest. Den Trump sot, hie wéilt och den nordkoreanesche Leader Kim Jong-un begéinen. Den Ament ginn et awer kéng Indikatiounen, datt et zu engem Treffe wäert kommen.

Treffe mat Xi Jinping

Am Virfeld vum Treffe muer mam chineesesche President Xi Jinping – um Bord vum APEC Sommet a Südkorea – huet den Donald Trump sech iwwerdeems optimistesch gewisen. Hie géif sech een „exzellent Treffen“ erwaarden, an datt vill Problemer geléist kéinte ginn, esou den US-President.

Dat léisst d‘Hoffnung opkommen op eng eventuell Léisung am Handelskrich tëscht China an den USA. China huet dat geplangt Treffen iwwerdeems och elo confirméiert. Wouriwwer geschwat wäert ginn, huet de chineeseschen Ausseministère awer net gesot.