arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wou Kënschtlech Intelligenz de Sozialsecteur scho verännert

Journée du secteur social

|
reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Wou Kënschtlech Intelligenz de Sozialsecteur scho verännert

Ënner dem Motto “Wa Kënschtlech Intelligenz op Soziales trefft - a Richtung vun enger verantwortungsvoller an ethescher Zukunft” hat d’Fedas Lëtzebuerg op hir Journée du secteur social invitéiert. Gëtt d’Kënschtlech Intelligenz elo schonn am soziale Secteur agesat?

reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Symbolfoto: Kënschtlech Intelligenz | © Bigstock
Symbolfoto: Kënschtlech Intelligenz (Foto: Bigstock)

Nëmmen e puer Deeg nom sougenannte KI-Dësch am Schlass vu Senneng war d’Kënschtlech Intelligenz och gëschter bei der Journée sociale dat dominéierend Theema.

Bei dëser Foire, organiséiert vun der Federatioun vun de sozialen Acteuren (Fedas), goung et an der Coque um Kierchbierg ëm d’Zesummespill vu KI a Sozialer Aarbecht.

KI virun allem fir administrativ Tâchë genotzt

Och wann een et op den éischte Bléck villäicht net mengt - d’KI ass och an dësem Secteur scho laang ukomm. Bei der Journée sociale stellen Organisatiounen aus dem soziale Beräich sech an hir Aarbecht vir, verdeele Broschüren a berode jonk Visiteuren, déi sech fir en Job am soziale Beräich interesséieren.

Am Gespréich mat deene verschiddenen Acteure fält séier op, datt Kënschtlech Intelligenz bis ewell virun allem bei administrativen Tâchen agesat gëtt. Dat ass och d’Experienz vum Alexandre Fragale, Coordinateur beim Centre d’Orientation socio-professionelle zu Esch.

“Am Alldag benotze mir KI momentan nach net ganz vill, mee mir versichen eeben ze kucken, wéi mir déi verschidden administrativ Tâchen, déi extreem vill Zäit brauchen, kënnen duerch KI verbesseren, an datt mir dann eebe méi Zäit mat de Participanten um Terrain kënne benotzen.”

Mat hire Clienten, déi bei der Adem ageschriwwe sinn, erstellen d’Mataarbechter:inne vum Centre d’Orientation socio-professionelle zum Beispill en CV an eng Lettre de Motivatioun, fir si bei hirer Sich no enger Aarbecht ze ënnerstëtzen.

Zum Beispill an der Transkriptioun vun Audioen

Och am soziale Beräich, wann och éischter am Hannergrond, ewéi um Terrain, schaffen d’Fuerscher:inne vum CEFIS (Centre d’Etude et de Formation Interculturelles et Sociales). D’KI géif do duerchaus Tâchen erliichteren, wéi d’Jessica Lopes, Chargée d’études beim Cefis, unhand vun engem konkrete Beispill erkläert.

“Typescherweis schaffe mir un enger Etüd am Moment, wou mir ganz vill Interviewe gemaach hu mat de Leit, déi mir elo mat KI transkribéieren. Dat war eng Aarbecht, déi soss wierklech Deeg laang gedauert huet, fir en Interview vun enger Stonn ze transkribéieren, a wou een elo mat spezifesche Programmer wierklech fir Fuerschung, awer mat KI, huet een dat a manner wéi fënnef Minutten transkribéiert.”

Wéi de Carlos Breda, Vizepresident vun der Fedas, erkläert, géif et bei dëser Journée sociale mam Schwéierpunkt op der Kënschtlecher Intelligenz net nëmmen ëm déi verschidde Méiglechkeete goen, mee och ëm d’Limitten a Risike vun der KI.

Als Generalkoordinator bei der Escher Beschäftegungsinitiativ CIGL kann de Carlos Breda eng ganz konkret Situatioun nennen, an där KI a sengem Aarbechtsalldag zum Asaz kënnt.

“Ech ginn Iech e Beispill, do musse mir Entretiene maache mat Leit, déi aus Syrie kommen, déi och bal kee Wuert Englesch schwätzen, mee dann hu mir esou en Headset, wou jiddweree kann op senger Mammesprooch schwätzen an dat automatesch iwwersat gëtt. An dat ass fir eis ganz wichteg, och éischtens fir de Leit ze hëllefen, och um Niveau Sécherheet, well d'Leit bei eis och musse Maschinne benotzen an domat schaffen a mir mussen awer wierklech garantéieren, dass d'Instruktiounen och verstane gi sinn.”

E weidert Beispill, a wéi wäit KI an de soziale Secteur kënnen openeen treffen, liwweren d’Representante vun SOS Détresse. D’Vereenegung bitt zënter bal 50 Joer telefonesch Ënnerstëtzung fir Leit a psychologeschen Noutsituatiounen un. Zënter 2013 och online an zënter 2024 iwwer en direkte Chat.

ChatGPT verweist op SOS Detresse

Heiansdo wier et ausgerechent d’KI, déi de Leit, déi Hëllef sichen, un d’Mataarbechter:inne vun SOS Détresse verweist, wéi de François Luong, Psychologue-thérapeute bei der Hëllefsorganisatioun erkläert.

“Also mir hu Leit, déi bei eis uruffen, genau wéi déi eis schreiwen, déi am Fong vun engem KI, bezéiungsweis vun ChatGPT och referéiert ginn, nodeems se eebe mam KI schonn eng gewësse Conversatioun hanner sech hunn an och Problemer beschwat hunn, zum Beispill wann een depressiv Symptomer opweist, dass een am Fong Tendenz ganz vill huet eeben de KI unzeschwätzen, well dat den einfachsten Accès huet, fir e Partner ze hunn, fir ze schwätzen. An oft kënnen déi och just bis eng gewësse Limitt goen an da referéieren se un eis weider, zum Beispill un SOS Détresse fir eebe méi déifgrënneg iwwert déi Situatioun ze schwätzen.”

D’Jessica Lopes vum Fuerschungsinstitut Cefis géif sech, als déi jéngste Mataarbechterin an hirer Ekipp, awer duerchaus froen, wat fir een Impakt déi Kënschtlech Intelligenz à long terme op hir Aarbecht wäert hunn – a sech och Suerge maachen.

“Also ech denken, och ëm déi ganz Aarbecht, déi mir maachen, vun Theorie liesen, Theorie nosichen, eng Récension de litérature ze maachen, dat alles geet haut ganz, ganz schnell mat KI. Dat heescht, ech denke schonn, datt de Mënsch op sech dramatesch wäert änneren.”

play_arrow Lauschteren