Radioen

On air

Grousse Kino  |  Mir hunn e Plang

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ​​​​​​​World Central Kitchen-Grënner widdersprécht den Erklärunge vun Israel: "War eng geziilt Attack"

Noen Osten

​​​​​​​World Central Kitchen-Grënner widdersprécht den Erklärunge vun Israel: "War eng geziilt Attack"

De Grënner vun der Hëllefsorganisatioun World Central Kitchen widdersprécht den Erklärunge vun Israel iwwer déi déidlech Attack, bei där e Convoi vun der ONG an der Gazasträif getraff gouf: Dat wier net, wéi Israel seet, e Feeler gewiescht, mee déi israeelesch Arméi hätt de Convoi geziilt a systematesch viséiert, een Auto nom aneren. 

auto_stories

1 min

Gaza World Central Kitchen | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi

Dat sot de José Andrés, Grënner vun der Hëllefsorganisatioun, an engem Interview mat der Noriichtenagence Reuters.

Israel huet sech entschëllegt a sot, d‘Attack wier e Feeler gewiescht. Et géif eng Enquête gemaach ginn. World Central Kitchen an aner Hëllefsorganisatiounen hunn hir Aarbecht an der Gazasträif wéinst Sécherheetsbedenke bis op Weideres suspendéiert.

Bei der Attack e Méindeg ware siwe Leit ëm d‘Liewe komm, déi fir d‘ONG geschafft hunn, dorënner sechs Auslänner. Hir Läiche si gëschter an Ägypten ukomm, fir vun do an hir Heemechtslänner rapatriéiert ze ginn.