arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wolodymyr Selenskyj verséchert Presidentewalen an der Ukrain

Ukrain

|
headphones

1 min

Wolodymyr Selenskyj verséchert Presidentewalen an der Ukrain

Wann een Accord fir en Enn vum russeschen Aggressiounskrich géif ënnerschriwwe ginn, géif hien duerno Presidentewalen ofhalen, huet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj verséchert.

headphones

1 min

An engem Interview mat der franséischer Presseagence AFP sot de Selenskyj och, datt den aktuelle Plang vun den USA fir de Krich op en Enn ze bréngen, net géif explizit fuerden, datt d'Ukrain op eng NATO-Memberschaft verzicht.

Iwwer dee Friddensplang fir d'Ukrain gëtt momentan verhandelt.