Hie kéint trotz dem Krich bannent 60 bis 90 Deeg Walen organiséieren, da missten et awer kloer Sécherheetsgarantië fir d‘Ukrain ginn, an d‘Walgesetz misst ugepasst ginn, esou den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj.
D’Walgesetz gesäit ausdrécklech vir, datt all Walen a Krichszäiten ausgesat sinn.
Zenter dem russeschen Iwwerfall 2022 ware keng Wale méi an der Ukrain.
An der Lescht hat den amerikanesche President Donald Trump Walen an der Ukrain gefuerdert.