arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wolodymyr Selenskyj: D'Ukrain ass net bereet, den Donbas opzeginn

Treffen zu Berlin

|
reading time

1 min

Wolodymyr Selenskyj: D'Ukrain ass net bereet, den Donbas opzeginn

Am Kontext vun den territorialen Diskussiounen huet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj kloer gestallt: D'Ukrain wier net bereet, den Donbas - also déi ëstlech Regioune Luhansk an Donezk an der Ukrain - opzeginn. Den Donbas ass zënter 2014 deelweis vu Russland besat.

reading time

1 min

© picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine
(Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine)

Vun der Regioun Luhansk kontrolléiert Russland den Ament ronn 70 Prozent. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet ausgeschloss, datt d'Ukrain den Donbas am Kader vun engem Friddensaccord géif opginn.

Russland géif virum Trump-Putin-Treffen eng nei Offensiv virbereeden. Dem Wolodymyr Selenskyj no hätt Moskau op dräi Deeler vun der Front Zaldoten zesumme bruecht. Op e puer Plaze wier et der russescher Arméi och scho gelongen, ronn 10 Kilometer méi wäit an ukrainesch Gebidder eranzekommen.

Selenskyj reest fir Treffen mat europäsche Staats- a Regierungscheffen op Berlin 

Op Initiativ vum däitsche Kanzler Friedrich Merz schwätzen haut um Mëttwoch e puer europäesch Staats- a Regierungscheffen, dorënner och de Luc Frieden, iwwer Videokonferenz mam Donald Trump. De Wolodymyr Selenskyj reest fir dës Konferenz op Berlin, wéi säi Büro matdeelt. 

D'Europäer fäerten, datt den Donald Trump an de Wladimir Putin op hirem Treffen e Freideg an Alaska als Konditioun fir e Waffestëllstand tëschent Russland an der Ukrain festhale kéinten, datt d'Ukrain sech vu Gebidder trenne misst, déi vu Russland besat goufen.

Putin: Russesch Iwwernam vum Donbas 

Russland huet matgedeelt, datt déi europäesch Virgespréicher ouni Bedeitung wieren. De russesche President hat an der Vergaangenheet schonn eng komplett russesch Iwwernam vum Donbas als Konditioun fir en Enn vum Krich genannt.