arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wittfra vum Charlie Kirk: D'Beweegung wäert méi grouss gi wéi jee virdrun

Nom Mord

|
headphones

1 min

Wittfra vum Charlie Kirk: D'Beweegung wäert méi grouss gi wéi jee virdrun

Dem ermorden amerikaneschen Influencer Charlie Kirk seng Wittfra huet sech elo eng éischte Kéier zu Wuert gemellt an si huet sech direkt un de presuméierten Täter geriicht: Si sot, hien hätt jo keng Anung, wat hie mat senger Dot ausgeléist hätt.

headphones

1 min

© EPA/CLEMENS BILAN
(Foto: EPA/CLEMENS BILAN)

Hirem Mann seng Beweegung géif net nëmmen iwwerliewen, mee och nach méi grouss ginn, wéi jee virdrun, esou d'Wittfra vum Kirk weider.

Den Charlie Kirk war en Donneschdeg wärend engem Optrëtt op der Utah-University erschoss ginn. Hien hat ultra konservativ a rietspopulistesch Meenunge besonnesch bei jonke Leit verbreet an huet fir vill Polemik gesuergt, ënner anerem wéinst senge Positioune géint Ofdreiwung a géint LGBTQIA+ Rechter.

Gëschter um Freideg gouf e Verdächtege festgeholl: Den 22 Joer alen Amerikaner Tyler Robinson aus dem US-Bundesstaat Utah.

Beim Verdächtegen doheem wieren Anti-Faschismus-Messagë fonnt ginn.