An engem knappe Mount ass CDU-Bundesparteitag. An do huet de Wirtschaftsfliggel vun de Chrëschtdemokrate Grousses vir. Wéi aus enger Motioun vun der Mëttelstands- a Wirtschaftsunioun ervirgeet, soll um Parteidag d’Recht op Schaffen an Deelzäit gekippt ginn.
Deelzäit net méi ouni Grond?
Ënner dem Titel “Kein Rechtsanspruch auf Lifestyle-Teilzeit” fuerdert de Wirtschaftsfliggel eng Reform vum zoustännege Gesetz.
Um Mikro vun der ARD huet d’Gitta Connemann, Presidentin vum Wirtschaftsflillek, preziséiert:
"Uns stört das Recht auf Teilzeit ohne Dialog mit dem Arbeitgeber in den Fällen, in denen es keinen Grund gibt, wie Familienarbeit, Care-Arbeit oder berufliche Fort- und Weiterbildung."
Deemno sollt Deelzäit just fir Leit méiglech sinn, déi op hir Kanner oppassen oder Familljemember fleege mussen.
Kritik och aus eegene Reien
Wéineg verwonnerlech gëtt et fir dëse Virstouss vill Géigewand: aus der Wirtschaft, aus der Oppositioun, vum Koalitiounspartner SPD – an aus der eegener Partei.
De Chef vum CDU-Sozialflillek, den Europa-Deputéierten Dennis Radtke, sot, hie géif sech zwar och wënschen, datt méi Leit nees géife Vollzäit schaffen. Dofir missten awer d’Bedingunge fir Kannerbetreiung a Fleeg däitlech verbessert ginn.
"Mat Work-Life-Balance léisst sech Wuelstand net erhalen"
Ugestouss hat déi aktuell Diskussioun ëm Deelzäit-Aarbecht de Bundeskanzler Friedrich Merz selwer. Mëtt Januar sot hie bei enger Ried, déi aktuell Aarbechtsleeschtung wier net héich genuch.
"Um es noch deutlicher zu sagen: Mit Work–Life–Balance und Viertagewoche lässt sich der Wohlstand unseres Landes, den wir heute haben, in Zukunft nicht erhalten."
Momentan huet an Däitschland jidderee gesetzlech e grondsätzlech d'Recht dorop, mi-temps ze schaffen. 2025 hunn an Däitschland 40,1 Prozent vun de Salariéën an Deelzäit geschafft.