search

/ Kollaboratioun bei erneierbaren Energië stäerken: Lex Delles op Visitt zu Lissabon

Wirtschaft

|
reading time

1 min

Kollaboratioun bei erneierbaren Energië stäerken: Lex Delles op Visitt zu Lissabon

De Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles (DP) ass vun haut um Dënschdeg bis iwwermuer op enger Aarbechtsvisitt an der portugisescher Haaptstad Lissabon. Haaptzil ass eng verstäerkten ekonomesch Kollaboratioun, virun allem am Beräich vun den erneierbaren Energien, esou e Communiqué.

reading time

1 min

Lex Delles | © SIP / Emmanuel Claude
Lex Delles (Foto: SIP / Emmanuel Claude)

Fir den Optakt haut huet de Lex Delles eng Entrevue mat der portugisescher Energieministerin Maria da Graça Carvalho. Bei där Geleeënheet bedeelegen déi zwee sech un enger Videokonferenz vun den EU Energieministeren iwwer eng gemeinsamen Äntwert vun der EU op d‘Energiekris, déi duerch de Krich am Noen Osten ausgeléist gouf. 

Um Programm vum Lex Delles senger Visitt zu Lissabon sti soss nach ënner anerem Visitte vu Sitten, déi erneierbar Energië produzéieren, dorënner Photovoltaik-Anlagen.

Treffen EU-Energieministeren

D‘Energieministeren aus den EU Länner hunn haut iwwerdeems eng Videokonferenz, fir iwwer eng gemeinsam Äntwert vun der EU op d‘Energiekris ze diskutéieren. Mat derbäi ass och de Lëtzebuerger Minister Lex Delles. Hie schalt sech aus Lissabon an dës Video-Konferenz vun den EU Energieministere bei.