arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Grouss Maniffen an däitsche Stied no ëmstriddener Ausso vum Kanzler Merz 

"Wir sind das Stadtbild"

|
headphones

1 min

Grouss Maniffen an däitsche Stied no ëmstriddener Ausso vum Kanzler Merz 

Zu Hamburg si gëschter bal 3.000 Mëschen op d‘Strooss gaangen. Dat ënner dem Motto "Wir sind das Stadtbild". Organiséiert gouf d‘Manif vun ënner anerem deene Lénken a Fridays for future. Hannergrond ass eng ëmstridden Ausso vum däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Markus Scholz
(Foto: picture alliance/dpa | Markus Scholz)

De Friedrich Merz hat viru gutt 10 Deeg gesot, et géif e Problem am Stadbild ginn. Domat hätt hie Migrante gemengt, déi keen Openthaltstitel hätten, an net schaffe géifen, esou de Friedrich Merz, dee fir dës Ausso den Zousproch vun der AfD krut.

Ënner anerem och zu Magdeburg, zu Bonn an zu Hildesheim si Mënschen op d‘Strooss gaangen. E Vertrieder vum däitsch-syresche Kulturveräin huet sech zu Wuert gemellt a fënnt, déi Ausso dierft net esou am Raum stoe bleiwen. Et kéint een duerchaus iwwer politesch Mesüren debattéieren, mee Mënschen zu engem Problem ze erklären, géif eng Grenz iwwerschreiden.

D‘Dignitéit vun engem Mënsch géif net vu senger Openthaltsgeneemegung oder sengem Aarbechtsvertrag ofhänken, esou de Vertrieder vum däitsch Syresche Kulturveräin.