arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Widderhuelungstäter zu 6 Joer Prisong verurteelt

Geriicht

|
reading time

1 min

Widderhuelungstäter zu 6 Joer Prisong verurteelt

6 Joer Prisong: Zu där Strof gouf um Dënschdeg um Stater Geriicht een 33 Joer ale Mann verurteelt, deen d’lescht Joer klenge Kanner säi Geschlechtsdeel gewisen, respektiv anerer zum Deel plakeg gefilmt soll hunn.

reading time

1 min

Cité judiciaire | © Laura Paredis / Pexels
Cité judiciaire (Foto: Laura Paredis / Pexels)

Dobäi kommen eng Geldstrof vun 2.000 Euro an ee Verbuet vun 10 Joer fir Aktivitéite mat Mannerjäregen.

Fir d’Justiz war de Mann keen Onbekannten: 2023 war hie schonn, am Appell, zu enger fester Prisongsstrof vun zwee an engem hallwe Joer verurteelt ginn, well hie sech am Oktober 2021 an enger Schoul zu Hesper un engem klenge Meedche vergraff hat.