arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wettbidden ëm Warner Bros: Paramount kontert d'Offer vun Netflix

Film a Fernseh

|
headphones

1 min

Wettbidden ëm Warner Bros: Paramount kontert d'Offer vun Netflix

De Filmkonzern Paramount Skydance huet haut um Méindeg eng Géigenoffer fir d‘Reprise vu Warner Bros Discovery virgeluecht. Dat an Héicht vun 108,4 Milliarden Dollar.

headphones

1 min

Virdrun hat Netflix schonn eng Offer gemaach fir de Filmgrupp ze iwwerhuelen.

Am Géigesaz zu Netflix géif Paramount awer de ganze Grupp wëllen iwwerhuelen, inklusiv d‘Televisiounschaînen.