Bremen wëllt dono awer no engem neie Chefcoach sichen. De Veräi steet aktuell op der 15. Plaz an der Bundesliga.
De Raphael Duarte war zesumme mam Horst Steffen virun der Saison vun Elversberg op Bremen gewiesselt. Bei Elversberg hunn déi zwee eng ganz erfollegräich Zäit gepräägt an den Opstieg an d'Bundesliga nëmme knapp verpasst.
De Raphael Duarte huet 29 Joer a stoung zu Lëtzebuerg un der Säitelinn vu Kanech. Iert hien dunn op Elversberg gaang ass war hie Co-Trainer beim franséischen Zweetligist AS Nancy.