2024 loung d’Duerchschnëttstemperatur bei ronn 1,55 Grad iwwer dem virindustriellen Niveau. 2024 hält domadder de Rekord vum wäermste Joer.
Datt dëse Wäert an de Jore bis 2030 iwwertraff gëtt, dofir läit d’Probabilitéit laut Berechnunge vun der WMO bei 86 Prozent. Dem Bericht no kéint et schonn am nächste Joer esou wäit sinn.
"El Niño" gëtt Enn 2026 erwaart
Dem Haaptauteur vun der Etüd, dem Leon Hermanson vum brittesche Wiederdéngscht UK Met Office no, gëtt fir Enn 2026 d’Klimaphänomen “El Niño” erwaart. Dëst mécht, datt de Pazifik erhëtzt a fir extrem Wiederconditioune ronderëm den Äquator an an der Südhallefkugel suergt a géing zu groussem Deel zu de Prognose vun der WMO bäidroen.
D’Experten halen et esouguer fir warscheinlech, datt déi gesamt 5 Joer Period vun 2026 bis 2030 déi am Weltklimavertrag vu Paräis als Héchstgrenz festgeluechte Wäert vun 1,5 Grad Celsius zu 75 Prozent iwwerbidde kéint.
Laangfristeg Ziler awer weiderhin erreechbar
2015 gouf am Klimaaccord vu Paräis festgeluecht, datt en Zilwäert fir déi global Klimaerwäermung vun 1,5 Grad net iwwertraff sollt ginn an an der zweeter Hallschent vum 21. Joerhonnert manner klimaschiedlech Gaser ausgestouss solle ginn, wéi se vun der Natur entzu kënne ginn.
Dofir missten all participéierend Länner hier CO2-Emissioune reduzéieren. D’Tatsaach, datt déi global Joresduerschschnëttstemperatur dëse Schwellewäert an e puer Joren iwwerschreiden kéint, heescht awer net, datt déi laangfristeg Temperaturziler vum Paräisser Accord onerreechbar sinn.
Dëst Zil gëllt eréischt als verfeelt, wann d’Duerchschnëttstemperatur vun engem Zäitraum vun 20 Joer iwwer dëser Valeur läit.