Radioen

On air

Notturno  |  Big Star - Thirteen

play_arrow Live
search

/ Weltsynod geet mat vager Deklaratioun op een Enn

Kathoulesch Kierch

Weltsynod geet mat vager Deklaratioun op een Enn

D‘Weltsynod ass ouni Aussiicht op eng konkret Reform op een Enn gaangen. Véier Woche koumen 360 Leit aus der kathoulescher Kierch zesummen. d'Schlussdeklaratioun ass relativ vag bliwwen.

auto_stories

1 min

Poopst Francois | © picture alliance / Photosho

 Ënner anerem d‘Fro, ob Fraen an Zukunft eng geeschtlech Funktioun dierfen anhuelen, wier „ganz delikat“, seet dozou de Kardinol Jean-Claude Hollerich, hie war Coordinateur vun där Synod. An der Deklaratioun bleift d‘Fro deemno op: Et gëtt weder eng Decisioun dofir, nach dogéint. 

Och d‘Mëssbrauchsaffären an der Kierch waren en Thema. An der Deklaratioun gouf festgehalen datt déi Skandaler immenst „Leed fir d‘Affer an Iwwerliewender bruecht hunn.“ D‘Kierch misst deemno „demüteg ëm Verzeiung froen“ an d‘Vertrauen dat verluer gaangen ass, nees nei opbauen.