Zu Dikrech goufen e Samschdeg an engem Recyclingspark Weltkrichsmunitioun an e puer Waffen, warscheinlech sougenannt Airsoft-Waffen, entsuergt. Dat mellt d‘Police.
Munitioun a Recyclingzenter (Foto: Police Luxembourg )
Ee Verdächtege wier ermëttelt ginn. Bei enger Perquisitioun beim Betraffenen doheem wiere weider Weltkichsmunitioun, e puer sougenannt „Softair-Pistoulen“ a Munitioun fir dran, an och Pefferspray fonnt a saiséiert ginn.
D‘Krichsmunitioun gouf vum Service Deminage vun der Arméi entsuergt.