Radioen

On air

Notturno  |  Electric Machine - Fancy Good

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gruef tëscht aarmen a räiche Länner geet weider auserneen

Weltbank

Gruef tëscht aarmen a räiche Länner geet weider auserneen

De PIB vun den aarme Länner wiisst manner séier, wéi dee vu räiche Länner. Dat huet d‘Weltbank an enger neier Etude festgestallt. A verschiddene Länner ass de PIB souguer méi niddreg wéi virun der Pandemie.

auto_stories

1 min

Weltbank | © World Bank Photo Collection
Foto: World Bank Photo Collection / Flickr

Trotz engem grousse Potential u Matières-premièren an enger jonker aktiver Populatioun, klëmmt deenen aarme Länner hire PIB manner séier, wéi dee vun de räiche Länner. Fir een Drëttel vun de 75 äermste Länner op der Welt ass de PIB pro Awunner am Moment méi niddreg wéi virun der Covid-Kris.

A verschiddene Länner wier d‘Situatioun extrem kritesch, mat Aarmuts-Tauxen déi an der Moyenne 8 Mol méi héich sinn, wéi d‘Weltmoyenne. Ee Véirel vun der Populatioun an deene Länner lieft mat knapp 2 Dollar den Dag. 90 Prozent vun de Leit wieren ënnererniert. Betraff sinn haaptsächlech Länner an de südleche Länner an Afrika, an an Ost- a Süd-Asien