arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Technesche Problem: Bis zu 900 Leit wäerte maximal zwee Méint op hire Chômage waarden

National

|
headphones

1 min

Technesche Problem: Bis zu 900 Leit wäerte maximal zwee Méint op hire Chômage waarden

Wéinst engem techneschen Problem bei der Adem kënnen den Ament ronn 900 Dossieren net traitéiert an domat keen Chômage ausbezuelt ginn. Dat huet den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz um Mëttwoch de Mëtteg an der zoustänneger Chamberkommissioun bestätegt.

headphones

1 min

ADEM (aalt Gebai!) | © picture alliance / ZB | Sascha Steinach
ADEM (aalt Gebai) (Foto: picture alliance / ZB | Sascha Steinach)

De Marc Spautz hofft, datt bis Ufank Februar eng Parti Chômagë kënnen ausbezuelt ginn.

Bei den 900 Dossiere géif et sech ëm nei Demandeueren handelen, déi sech kuerz virum Joreswiessel bei der Adem gemellt hätten, esou de Marc Spautz.

Grond fir de Problem wier, datt zënter dem 1. Januar d'Dossiere bei der Adem net méi manuell mee digital traitéiert ginn. Hei géif et nach eng Rei Problemer. Spéitstens an zwee Méint wëll een de Retard awer nees opgeschafft hunn.