Radioen

On air

Tockcity  |  Sylvie Kreusch - Comic Trip

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéinst sexueller Aggressioun a Vergewaltegung: Gérard Dépardieu muss viru Geriicht

Franséiche Parquet

Wéinst sexueller Aggressioun a Vergewaltegung: Gérard Dépardieu muss viru Geriicht

De Gérard Dépardieu muss wéinst Viol viru Geriicht. De Parquet vu Paräis hätt dat de 14. August decidéiert, wéi d‘afp gewuer ginn ass. De franséischen Acteur kritt virgehäit, d‘Schauspillerin Charlotte Arnoult am Joer 2018 sexuell a senger Wunneng agresséiert a vergewaltegt ze hunn.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance

D'Actrice hat zu deem Zäitpunkt 22 Joer.

Zënter 2020 enquêtéiert déi franséisch Justiz an der Affaire. De 75 Joer alen Dépardieu huet alles dementéiert.

Dëst ass net den eenzege Prozess: Am Oktober ass de Gérard Dépardieu viru Geriicht wéinst zwee weidere Fäll vu sexuellen Iwwergrëffer.