arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéinst refuséiertem Asyl: 438 Persounen hunn 2024 Lëtzebuerg misse verloossen

Migratiounspolitik

|
headphones

1 min

Wéinst refuséiertem Asyl: 438 Persounen hunn 2024 Lëtzebuerg misse verloossen

Zejoert missten am ganze 438 Persounen, déi keen Asyl accordéiert kruten, de Grand-Duché verloossen. 130 dovu ware sougenannte forcéiert Retouren an 308 fräiwëlleg Retouren an d‘Heemechtslänner vun den Asyldemandeuren. Dat sinn 160 ausgewise Persoune méi wéi nach 2023, an eng 250 méi wéi 2022.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Axel Heimken
(Foto: picture alliance/dpa | Axel Heimken)

Déi Zuelen nennt den Inneminister Léon Gloden an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den ADR-Deputéierte Fred Keup an Tom Weidig, déi ee Verglach mat däitsche Chiffere gefrot hunn.

Esou Vergläicher wiere wéinst enger anerer Terminologie net méiglech, mee duerch den neien europäeschen SIS-Sytem wieren an Zukunft d‘Zuele besser ze vergläichen, esou nach den Inneminister Léon Gloden.