Radioen

On air

Kannerradionuecht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéinst Vulkanausbroch: Flughafen an Indonesien zougemaach

International

Wéinst Vulkanausbroch: Flughafen an Indonesien zougemaach

Am Norde vun Indonesien gouf de Flughafe vu Manado elo fir 24 Stonnen zougemaach, wéinst dem Ausbroch vum Vulkan Ruan en Dënschdeg Owend.

auto_stories

1 min

De Vulkan huet eng Äschewollek vun iwwert engem Kilometer Héicht ausgestouss. D‘Autoritéiten hunn déi héchste Warnstuf ausgeruff a virun der Gefor vun engem Tsunami gewarnt, deen duerch d‘Chute vun Trümmer an d‘Mier kéint ausgeléist ginn.