Radioen

On air

Notturno  |  Midnight Star - Midas Touch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéinst Terrorgefor: 3 Taylor Swift Concerten zu Wien annuléiert

65.000 Fans pro Concert

Wéinst Terrorgefor: 3 Taylor Swift Concerten zu Wien annuléiert

De Verdächtege wéinst deem 3 Taylor Swift Concerten zu Wien missten ofgesot ginn, soll zouginn hunn, eng Terrorattack geplangt ze hunn. Dat mellen d‘Enquêteuren.

auto_stories

3 min

Foto: picture alliance / Photoshot | -

Déi dräi Concerten, déi d'Taylor Swift an den nächsten Deeg zu Wien sollt ginn, sinn ofgesot. Dat wéinst Terrorgefor, wei déi éisträichesch Autoritéite matdeelen. Et goufen zwee Leit festgeholl, ee vun hinne wier een 19 Joer ale radikaliséierten Islamist.

Bei him wiere cheemesch Substanze séchergestallt ginn, esou d'Police. Hie soll Kontakter mat der Terrororganisatioun IS gehat hunn. Et wier eng ganz seriö Gefor ginn, soen déi éisträichesch Autoritéiten.

Op e Concert vun der Eras-Tour vum Taylor Swift ze goen, wier eng Geleenheet, déi een nëmmen eemol am Liewen géif kréien, seet d’Alessandra Porcedda. Si hat, zesumme mat hirer Famill, Ticketen fir ee vun deenen dräi Concerten zu Wien kucken ze goen.

D'Michelle Barthel huet mat der Alessandra Porcedda geschwat

Lauschterenplay_arrow

Op der Foto sinn déi berühmt “Friendship-Bracelets” ze erkennen, déi ee Muss op all Concert sinn. Donieft gesäit een der Alessandra Porcedda hire selwer gebastelten Accessoire zu hirem Outfit, mat enger Zeil aus dem Lidd “The Archer” vum Taylor Swift.  | © Alessandra Porcedda
Op der Foto sinn déi berühmt “Friendship-Bracelets” ze erkennen, déi ee Muss op all Concert sinn. Donieft gesäit een der Alessandra Porcedda hire selwer gebastelten Accessoire zu hirem Outfit, mat enger Zeil aus dem Lidd “The Archer” vum Taylor Swift. (Foto: Alessandra Porcedda)

D'Concerten, déi d'Taylor Swift uechtert d'Welt gëtt, si fir hir Fans de groussen Highlight vum Summer. D'Tickete ware schwéier ze kréien. Zu Wien sollten all Owend eng 65.000 Fans zesummekommen. D'Sue vun den Tickete sollen an Zäit vun 10 Deeg automatesch zeréckbezuelt ginn.