arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéinst Opruff zum Haass: Parquet freet 18 Méint Prisong plus Geldstrof

Justiz

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Wéinst Opruff zum Haass: Parquet freet 18 Méint Prisong plus Geldstrof

Ass een ze bestrofen, wann een antisemittesch a rassistesch Messagen an zouene Gruppen op WhatsApp verschéckt? Dat ass eng vun de Froen, op déi d’Stater Geriicht den 9. Oktober an engem Urteel äntwere wäert.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

E 34 Joer ale Mann krut um Mëttwoch vum Parquet Opruff zum Haass virgehäit, well hie sech tëschent Februar 2018 a Mäerz 2019 op WhatsApp antisemittesch a rassistesch geäussert an och Nazisymboler an Hitler-Biller gebraucht hat.

Affekot plädéiert op Meenungsfräiheet

Dobäi kënnt, datt de Mann 2016 scho wéinst Brandstëftung zu 3 Joer Prisong, zwee dovu mat Sursis, verurteelt gi war.

Wann et der Vertriederin vum Parquet no geet, da soll de Beschëllegten dës Kéier wéinst Opruff zum Haass a Minimiséiere vum Holocaust 18 Méint Prisong an eng Geldstrof kréien.

De Me. Brian Hellinckx, Affekot vum Ugekloten, huet dogéint op Fräisproch plädéiert, well hei d’Meenungsfräiheet ze schütze wier. Et hätt och keng Publicitéit vun de Faite ginn, well de WhatsApp-Grupp eben zou gewiescht wier.

Den Ugeklote selwer sot viru Geriicht, hien hätt ëmmer schwaarzen Humor gehat, awer keng béis Intentiounen. E Psychiater huet d’Noriichten dogéint extrem penibel an d’Presidentin vum Geriicht et “eekleg, béis a bal net ze entschëllege” genannt.

Doropshi sot de Beschëllegten, hien hätt wierklech schlëmm Saache gepost. Hie géif dat haut awer net méi maachen. Ganz riets Iwwerzeegungen hätt hien ni richteg gehat, an hie wier net antisemittesch, esou den haitegen Aide-soignant.

A rietsextreme Kreesser a Fan vun der ADR

Dem Psychiater no, hat de Mann zu Zäite vu senge Brandstëftunge vill Näid a Jalousie op aner Leit. Nom Prisong wier den Ugekloten an de rietsextreme Milieu eragerëtscht, ënner anerem op Grond vu Frust an Echecken.

Hien hätt sech zur ADR higezu gefillt, ouni Member ze sinn. De Mann hätt keng akut psychiatresch Krankheet a wier voll zourechnungsfäeg.

D’Urteel ass fir den 9. Oktober.

play_arrow Lauschteren