arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Weiderhi kee Resultat fir den Ëmgank mat festgesatem russesche Staatsverméigen

Krich géint d'Ukrain

|
headphones

1 min

Weiderhi kee Resultat fir den Ëmgank mat festgesatem russesche Staatsverméigen

Bei de Gespréicher tëschent dem däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz, dem belsche Premier Bart de Wever an der EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen koum et op en Neits zu kengem konkrete Resultat fir den Ëmgank mam agefruere russesch Staatsverméigen.

headphones

1 min

© European Union
(Foto: European Union)

Et wier ee sech eens, datt an der aktueller geopolitescher Situatioun d‘Zäit knapp wier, an datt déi finanziell Ënnerstëtzung fir d‘Ukrain vun zentraler Bedeitung fir d‘Sécherheet vun Europa wier.

D‘Kommissiounscheffin an déi zwee Regierungscheffe wëllen d‘Diskussioun iwwer d‘Notze vun den an der belsch placéierte russesche Suen um Conseil den 18. Dezember weiderféieren an eng Léisung fannen.