arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Weider russesch Attacken op Odessa - dräi Kanner blesséiert

Krich géint d'Ukrain

|
headphones

1 min

Weider russesch Attacken op Odessa - dräi Kanner blesséiert

Russland huet an der Nuecht op e Mëttwoch d'Regioun Odessa nees mat Dronen ugegraff, esou ukrainesch Sourcen. An der Stad Odessa wieren zwee Wunngebaier getraff ginn, dobäi wären dräi Kanner an een Erwuessene blesséiert ginn, esou de Chef vun der regionaler Militärverwaltung.

headphones

1 min

Stroumausfall an der ukrainescher Stad Kiew no russeschen Dronenattacken op d’Energieinfrastruktur (30.12.25)  | © EPA/SERGEY DOLZHENKO
Stroumausfall an der ukrainescher Stad Kiew no russeschen Dronenattacken op d’Energieinfrastruktur (30.12.25) (Foto: EPA/SERGEY DOLZHENKO)

Och Stroum- an Energiezentrale wiere getraff ginn.

An der Regioun ronderëm déi russesch Haaptstad Moskau gëtt et iwwerdeems eng grouss Stroumpann wéinst engem Feier an enger Stroumzentral.

Méi wéi 100.000 Leit si betraff. E Kabelbrand wier d‘Ursaach, sot d‘Stad Moskau. An der Regioun goufen awer och ukrainesch Dronenattacke gemellt.

Selenskyj dementéiert op en Neits russesch Uschëllegungen 

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet en Dënschdeg nach emol d‘Behaaptung vu Russland dementéiert, datt d‘Ukrain eng Residenz vum Wladimir Putin am Norde vu Russland ugegraff hätt.

Russland huet weider keng Beweiser fir déi Attack geliwwert. De Kreml sot awer, Russland wéilt seng Positioun bei de Friddensverhandlunge wéinst dëser Attack iwwerdenken.

E Samschdeg ass en Treffe vun der Ukrain hire westlechen Alliéierten, der sougenannter Koalitioun vun de Wëllegen, geplangt. Kuerz drop, d‘nächsten Dënschdeg, wier e weidert Treffen um Niveau vun de Staatscheffe geplangt, esou den ukrainesche President.