Radioen

On air

Concert  |  Tosca vu Puccini

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Weider keen Duerchbroch an de Verhandlunge fir eng Wafferou fir d'Gazasträif

Noen Osten

Weider keen Duerchbroch an de Verhandlunge fir eng Wafferou fir d'Gazasträif

D'Vermëttlungsmissioun vum US-Ausseminister Antony Blinken goung ouni konkret Resultat op en Enn. Am Katar huet den US-Ausseminister nach emol d'Hamas opgeruff, déi amerikanesch Propos fir e Kompromëss fir eng Wafferou an d'Liberatioun vun de Geiselen ze akzeptéieren.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Annabelle Gordon - CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Annabelle Gordon - CNP

D'Hamas leent déi Propos bis elo awer of. Den Text wier vun den USA zu Gonschte vun Israel ugepasst ginn a géif net deem entspriechen, wat ofgemaach gi war, esou e Spriecher vun der radikal islamistescher palästinensescher Organisatioun.

Israeelesch Attacken am Libanon

Israel huet hënt op en Neits Ziler vun der Hisbollah-Miliz am Libanon aus der Loft ugegraff. Op d'mannst eng Persoun wier dobäi ëm d'Liewe komm, a 16 Leit wiere blesséiert ginn, esou de libanesesche Gesondheetsministère. Do virdrun hat Israel den Dënschdeg den Owend schonn Hisbollah-Positiounen am Süde vum Libanon ugegraff, bei deene véier Leit ëm d'Liewe koumen. D'Hisbollah hat duerno Géigenattacken op Israel lancéiert.